Articles thématiques

Nëtzlech Tools fir selwer eng Ëmfro ze starten

Soumis par Edustat le mar 12/01/2021 - 11:23
Survey tools

Nëtzlech Tools fir selwer eng Ëmfro ze starten an d'Resultater ze analyséieren

An Zäite wou Bewäertungen am Internet, Notzerfeedback an Online-Ëmfroen ëmmer méi beléift a gängeg sinn, si mëttlerweil eng Rei digital Tools am Netz ze fannen, déi - mat e bëssen Übung - och fir eng schoulesch Selbst- oder Projetsevaluatioun, ee kuerze Feedback oder och ee Wëssenstest an der Klass kënnen agesat ginn, an zwar deelweis op eng ganz einfach a spilleresch Manéier.

 

Op der Sich no adaptéierten “Datenerhiewungstools” ass dës Lëscht (PDF) entstanen, déi sech grad am Kontext vu schouleschen Ëmfroen oder Feedbackprojeten ubidden. Si ass bäi wäitem net komplett, awer kann de Schoulen een éischten Iwwerbléck an Unhaltspunkten bidden, sech mat dësem Terrain vertraut ze maachen.

Dobäi koum et eis bei der Recherche an Zesummestellung op folgend Kritären un:

Benotzerfrëndlech Opmaachung: Ass den Tool fir Ufänger adaptéiert, am Allgemenge benotzerfrëndlech gestalt, den Ëmgang domat vläicht souguer spilleresch-intuitiv a bitt en och Hëllefstellungen zum Beispill a Form vu Bedienungsanleitungen, Videotutorials oder souguer Interpretatiounshëllefen, wann ee bemol net méi weider weess?

Automatesch Auswäertung an Datenexport: Stellt den Tool automatesch Graphiken a Statistiken zur Verfügung oder muss ee fir d’éischt mat vill Méih d’Réihdaten (d’Äntwerten aus der Ëmfro) an eng aner Software exportéieren, a selwer seng Ergebnisser zesummestellen? Hunn ech dann iwwerhaapt och d’Méiglechkeet, d’Réihdaten downzeloaden oder ze exportéieren? Ginn déi klassesch Dateformater (z.B. Excel: CSV/XLS) vum Tool ënnerstëtzt?

Käschtepunkt a perséinlechen Invest: Kommen ech och ouni grouss Eurosommen an Zäit ze investéieren zu iwwersiichtlechen Ergebnisser?

Ass d'Décisioun fir een Tool gefall, fannt dir an dësem Dokument (PDF) ausserdem eng hëllefräich Schrëtt-fir-Schrëtt-Uleedung souwéi Fauschtreegelen fir ee Questionnaire opzesetzen.

 

Mir wënsche vill Spaass beim Stöberen, ausprobéieren, Date sammelen an analyséieren!

Sara Steinmetz

Contact

eduPôle
33, rives de Clausen
L-2165 Luxembourg
Luxembourg

 

Tel.  +352 247 - 85187
Fax: +352 247 - 85137

 

Pour vos demandes d'informations statistiques, veuillez utiliser le formulaire ci-dessous ou envoyez un e-mail à statistiques@men.lu. Afin que votre demande soit traitée le plus rapidement possible, voici une liste d'exemples d'informations à nous communiquer :

  • année scolaire s'appliquant à votre demande
  • population exacte souhaitée (p.ex. : élèves des établissements publics uniquement, adultes non-inclus, etc.)
  • chiffres de la rentrée ou de fin d'année
  • etc.
Fichiers attachés

Un nombre illimité de fichiers peuvent être transférés dans ce champ.
Limité à 300 Mo.
Types autorisés : pdf docx jpg png csv xls.

SCRIPT